Iwwert d'cattery

d'equipe

Am Fong besteet d'Equipe just aus mir. Natierlech hunn ech och Hëllef vu Frënn, déi no de Kazen doheem kucke wann ech op enger Expo sinn oder déi mir bei de Preparatioune vun den Kazen fir op d'Expoen hëllefen, wéi och op den Expoen selwer fir déi läscht Finitiounen ze maachen.

Verschidde Leit kënnen sech schlecht virstellen, dass ee Mann Ziichter ka sinn. Dat ass awer sou.

Ech si Member beim Kaze-Club Lëtzebuerg asbl a bei Felis Belgica, déi der FIFé, engem weltwäite Kazeverband ugehéieren.

Eis Geschicht

D'Cattery huet 2012 mam Cookie, engem Kueder ugefaangen. Heen ass mir no genau engem Joer geklaut ginn.

Duerno hunn ech am Dezember 2013 d'Qiara kritt. Am Abrëll 2014 koum dunn de Maty dobäi. Déi perfekt Koppel.

D'Coco, ee steriliséierten Noutfall ass dunn am Mäerz 2015 bei eis komm. Et huet sech erausgestallt, dass hat d'Schwëster vum Cookie war. Hat war gewinn dobaussen ze sinn a wollt näischt dovunner wësse fir just dobannen ze sinn. No puer Méint huet hat sech een anert Haus gesicht a wunnt zanterhier bei eingem vun mengen Noperen. Well hat och relativ dominant war konnt hat de Maty net ausstoen. Dee war och dominant well hee jo ee Kueder war.

Am Juli 2015 hat ech mäin éischte Worf. Zu där Zeit a warscheinlech wéi all neien Ziichter ware meng Kazen op Grond vun hirer Faarf erausgesicht an net op Grond vun der Faarf, déi hiren Nowuess hätt kéinte kréien.

Een wonnerschéine Jong war am éischte Worf. Ech hunn heen Deo genannt (kuerz fir Sir Amadeo). Heen war een zolitte crème-faarwene Jong. Leider ass heen am Juli 2018 vill ze jonk gestuerwen. Heen ass just 2 mol Papp ginn. Ech hu lo nach Tréinen an den An wann ech un heen denken. Hee war de perfekte Bouf.

Well d'Qiara net direkt vum Ziichter bei mech komm ass a well hat och net méi dat jéngst war well hat 2008 gebuer ass, hunn ech am Juli 2016 missen ufänken drun ze denke fir een neit Meedchen an d'Haus ze kréien. Ech hunn d'Nita an d'Ibi fonnt. Well ech mech net decidéiere konnt, hunn ech se allen 2 geholl.

Duerch ee gléckleche Zoufall hunn ech 2017 d'Gloria, ee crème faarwwent Meedchen, fonnt wat no engem neien Doheem gesicht huet. Hat huet net laang gebraucht fir mech dovunner ze iwwerzeegen, dass hat ganz gläich géif bei mir wunne. Am Oktober 2017 ass hat agezunn.

Am November 2018 hunn ech ee vu menge klenge Meedercher gént een klengt Meedche vun engem aneren Ziichter getosch. An du war d'Nelly do.

Eis éischt Ausstellung war zu Zolwer am Mee 2019. Dat war den Ufank vun dee schéinen an och wichtegen Deel vum Ziichten.

Am Januar 2020 ass d'Mogwai hei gebuer. Hat war ze schéi fir goen ze loossen. Dofir ass hat bei eis bliwwen.

Dem Maty säin Nofollger, de Callisto ass am Oktober 2020 als klenge Spunti erageplënnert.

D'Sky ass am Dezember 2020 gebuer an an der Grupp bliwwen. Hat ass vum leschte Worf mam Maty als Papp.

Wéi geplangt a well mëttlerweil puer vu sengen Duechteren an der Cattery waren, ass de Maty am Januar 2021 an seng wuel verdéngte Pensioun gaangen. Heen ass bei eng léif Famill komm, déi gudd no him gekuckt hu bis heen am Juli 2021 un engem Schlag vill ze fréi vun eis gaangen ass.

D'Mogwai huet säin éischte Worf am Dezember 2021 kritt. Een immense Worf. Si waren all immens schéin. Onglécklecherweis huet d'Mogwai kuerz no der Gebuert eng Mastite kritt mam Resultat, dass hat d'Mëllechläischt bal ganz wegoperéiert huet misse kréien. Bei der Operatioun ass hat an engems steriliséiert ginn. De Worf huet iwwerlieft well ech gläichzäiteg een 2. Worf hat an déi Kleng do mat nuckele konnten.

Am Mäerz 2022 hat d'Gloria ee Worf mam Callisto. Lauter rout Kitten. D'Yasimina ass bliwwen an ass ee gudden Zouwuess am Meederchersgrupp.

2 Jongen an 1 Meedche vum Wërf vum November si erausgesicht gi fir och doheem ze bleiwen. Dat sinn: Abacus Ray, Baba Cool an Astana Magic.

Am Mäerz 2023, ass d'Daisy, eng Duechter vum Deo an Ibi an d'Cattery zeréck komm well de Bouf vu senger Famill ugefaangen huet eng Allergie op Kazenhoer ze maachen. Et huet mech immens gefreet fir hat rëm bei mir ze hu well hat dem Amadeo, dee sou tragesch vun eis gaangen ass, säi Meedchen ass.

Bis lo hunn ech ongeféier 38 Wërf gehat. Dat sinn ëm déi 130 Kitten, déi hei gebuer sinn. Ech hu bei A ugefaange mat den Nimm vun de Klengen. a ech hu lo déi 2. Kéier d'Alphabet ugefaange. Fir déi, déi lo nozielen a gesinn, dass dat nach keng 38 sinn: ech hunn och puer Wërf fir befrënten Ziichter gemeet. Déi ziele jo dann och net fir Luzilinburug.
br>Ziichten ass immens flott, mee och net ëmmer. Et kënnt och vir, dass et ganz tragesch ass. Trotzdeem, wéilt ech et net méi mësse fir kleng Pelzbulle ronderëm mech ze hu mat mir als Daddy vun deenen, déi bei mir liewen an als neien Daddy fir déi, déi bei mir gebuer ginn.

Luzilinburug